Déi éischt 12 Episodë goufen am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint. Haaptpersonage vun dëser Krimiserie ass de Luc Capitani (gespillt vum Luc Schiltz), en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Staffel vun 12-mol 28 Minutten enquêtéiert hien zu Mënscht (Manscheid), engem (fiktiven) Duerf am Éislek, iwwert den Doud vum Jenny Engel, dat do am Bësch um Bord vun engem Fiels fonnt gouf. Him zur Säit steet déi jonk Polizistin Elsa Ley (Sophie Mousel) vun do aus der Géigend.
Nom grousse Succès gouf tëscht Mäerz a Juni 2021 eng zweet Saison gedréint. Dës gouf am Februar-Mäerz 2022, och nees an 12 Episode vun enger halwer Stonn op RTL Tele Lëtzebuerg, a vu Juli un och nees op Netflix, gewisen. Se spillt op der Stater Gare, wou de Capitani undercover iwwer de Muerd un enger Prostituéierter enquêtéiert, iwwerdeems d'Ley enger Drogeband op der Spuer ass. Hir Weeër kräize sech nees... > méi
… d'Rochuskierch zu Éinen déi eenzeg Kierch am Land ass mat engem ronne Kiercheraum?
… bannent annerhalwem Joer no der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg d'CFL 414.000 Euro an d'Kees krut, nämlech mam Verkaf vun 1.-Klass-Ticketen (déi net gratis ass)?
… dat éischt Liewewiesen, dat vun der Äerd an de Weltall geschéckt gouf, wuertwiertlech eent war, „dat billt“?
… Iechternach 1886 als éischt Stad zu Lëtzebuerg eng elektresch Beliichtung krut?